Logo

    Buvette - De Fussballpodcast

    De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
    lb142 Episodes

    People also ask

    What is the main theme of the podcast?
    Who are some of the popular guests the podcast?
    Were there any controversial topics discussed in the podcast?
    Were any current trending topics addressed in the podcast?
    What popular books were mentioned in the podcast?

    Episodes (142)

    Episod 139 - Extase

    Episod 139 -  Extase
    D'Buvette ass nees fir dech do an huet déi komplett BGL Ligue ënnert d'Lupp geholl. Wat war zu Rouspert lass? Firwat ass op der Fola Extase gewiescht? Wéi kënnen 9 Goler zu Wolz falen? An, an,an... Natierlech hu mir och gekuckt, wat an den ënneschte Ligue lass ass, wou de Ben d'nächst Saison gären en Auswäertsmatch huet a wéi verschidde Spiller de Wee an d'BGL Ligue packen.

    Episod 138 - Public Viewing

    Episod 138 - Public Viewing
    D'Buvette ass och dës Woch nees fir iech do. Firwat muss de Ben eigentlech eng Këscht Béier mat op den Training bréngen? Wat ass zu Darmstadt mam Torsten Lieberknescht geschitt? Wat hält d'Buvette vum Toni Kroos? A firwat muss am Fong all Duerf e Public Viewing fir d'Lëtzebuerg-Matcher organiséieren?
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbFebruary 27, 2024

    Episod 137 - Dem Lena seng al Kamellen

    Episod 137 - Dem Lena seng al Kamellen
    Um Racing gëtt protestéiert an d'Buvette kläert op firwat. Da schwätze mir nach iwwert de Match Rouspert géint Hesper, kucken eis d'Tabell un an huelen eis Tipps vum Ben. Ënnert anerem kucke mir weider op d'Protester an der Bundesliga an hu weider Iddie fir de Protest ze ëmgoen.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbFebruary 20, 2024

    Episod 136 - Masterplang

    Episod 136 - Masterplang
    Och wa Rosenmontag ass, gëtt an der Buvette geschafft. Wat konnt de Ben mat der Victoria räissen? Gewënnt Königsdorf e Mëttwoch an der Coupe? Wéi eng Koppel brauch d'Bundesliga a wéi gutt ass wannechgelift Bayer Leverkusen? Déi 3 aus der Buvette hunn op alles eng Äntwert.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbFebruary 13, 2024

    Episod 135 - Wenn das Leben dir Zitronen gibt…

    Episod 135 - Wenn das Leben dir Zitronen gibt…
    Wéi huet de Rousperter Terrain de Weekend ausgesinn? Wat gouf et fir e wansinnege Wiessel an der BGL Ligue? Wéi geheien d'Fans an der Bundesliga d'Tennisbäll esou wäit? Firwat muss den Aytekin un Zitroune lecken? An, an, an… De Ben an den Dylan hunn sech alt rëm mat deene wichtegen Themen am Fussball zesummegesat.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbFebruary 06, 2024

    Episod 134 - Freibier Peter

    Episod 134 - Freibier Peter
    An alt rëm huet d'Fussballwoch genuch Theme fir d'Buvette geliwwert! Kritt de Jürgen Klopp eng Statu zu Liverpool? Kréien d'Frankfurter Fans nach eng leschte Kéier eng Ronn Fräibéier spendéiert? Kann den Dylan am Feld trainéieren? Wéi kenne 4 Arbitter an 3 Fändel um Terrain stoen? D'Buvette huet natierlech rëm all d'Äntwerten.

    Episod 133 - 20 Joer méi jonk

    Episod 133 - 20 Joer méi jonk
    D'Buvette ass aus der Wanterpaus erëm an huet Energie getankt fir déi wichteg Froen am Liewen ze beäntweren. Wat war an der Wanterpaus lass? Firwat gesäit de Baumgart esou jonk aus? Wat mécht de Luke Littler a senger Fräizäit? Wéi gesäit de Rousperter Terrain aus? An an an... Wëllkomm zeréck an der Buvette.

    Episod 132 - Geschmacksprobe an der Buvette

    Episod 132 -  Geschmacksprobe an der Buvette
    An der leschter Episod Buvette fir dëst Joer ass net nëmmen de Fussball Gespréichsthema, mee och d'Gedrénks vu verschidde Veräiner. Natierlech gëtt de Rousperter Match ënnert d'Lupp geholl a sech gefrot: Firwat ass de Match iwwerhaapt ugepaff gi. Da kucke mir nach op d'Auslousung vum DFB-Pokal, froen eis firwat de Niki Süle jubelt wéi de Luca Toni a wënschen iech natierlech all schéi Feierdeeg!
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbDecember 13, 2023

    Episod 131 - Heuer Fernandes, Piplica oder Kramer

    Episod 131 - Heuer Fernandes, Piplica oder Kramer
    Wéi ëmmer ass rëm vill lass an der Fussballwelt. D'EM gouf ausgeloust a Lëtzebuerg spillt, falls et souwäit kënnt, alt nees rëm géint Portugal. An der BGL Ligue gëtt et och sou munches ze beschwätzen an an Däitschland gouf den Eegegol vun der Saison geschoss. D'Fro ass lo awer wie wier ee léiwer?
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbDecember 05, 2023

    Episod 130 - Peffer an de Strëmp

    Episod 130 - Peffer an de Strëmp
    Wéi kënnt een drop Peffer an d'Strëmp ze maachen? Wat ass mam Rousperter Terrain lass? Wéi e Meilesteen huet de Petr Čech erreecht? A nach vill aner Froen. Buvette 130. De Ben, den Dylan an de Gilles sinn dësen an nach weider Froen op de Grond gaangen.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbNovember 28, 2023

    Episod 129 - Neururer fir Lëtzebuerg

    Episod 129 - Neururer fir Lëtzebuerg
    Froen iwwer Froen déi de Ben, de Gilles an den Dylan probéieren ze beäntweren. Bleift de Lux Holtz Nationaltrainer? Wéi gäil ass et, dass Lëtzebuerg esou vill Fans huet déi ëmmer matreesen? Deet een Händschen ouni en Thermo un? Tapezéiert een e Gästeblock? Mécht een am Stadion no enger Meeschterschaft vum Géigner einfach d'Luuchten aus? D'Buvette weess et.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbNovember 22, 2023

    Episod 128 - Den Harry mat de GEOX

    Episod 128 - Den Harry mat de GEOX
    An dëser Episod gëtt et rëm genuch zu beschwätzen. Rouspert konnt leider nëmme 45 Minutte Fussball spille, mee dat liwwert der Buvette natierlech genuch Gespréichsstoff. Firwat setzt de Ben ëmmer nach am Donkelen? Wat ass zu Mondorf geschitt a wéi eng Folge bréngt dat mat sech? Wat ass an der Bundesliga geschitt a wéini spillt den Harry Kane endlech mat GEOX? All dat ginn de Gilles, de Ben an den Dylan nees op de Grond.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbNovember 14, 2023

    Episod 127 Arjen Robben vu Wish

    Episod 127 Arjen Robben vu Wish
    Et war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbNovember 08, 2023

    Episod 126 - Net gepickt, mee gestochert

    Episod 126 - Net gepickt, mee gestochert
    Eng nei Woch an eng nei Episod Buvette. De Fussball schléift ni! An dowéinst hunn sech de Ben an den Dylan rëm sämtlech Froe gestallt. Wat war deemools zu Péiteng lass, wou et onfaassbar vill gereent huet, firwat ass den Thorsten Mattuschka esou e sympathesche Moderator a wisou gëtt aktuell zu Saarbrécken gestochert a net gepickt?

    Episod 125 - Don't drink and drive

    Episod 125 - Don't drink and drive
    Et gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt.

    Episod 124 - Euphorie

    Episod 124 - Euphorie
    En Thema iwwert dat dat ganzt Land geschwat huet. Eis Nationalekipp. An dëser Episod vun der Buvette huelen de Ben an den Dylan d'Matcher géint Island a Slowakei ënner d'Lupp a schwätzen iwwert Zockerflanken vum Laurent Jans, iwwert eng super Stëmmung am Stadion an iwwert eng gesamte Fussball-Euphorie am ganze Land.

    Episod 123 - Den Eden beim Henssler

    Episod 123 - Den Eden beim Henssler
    123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?

    Episod 122 - Fehlendes Commitment

    Episod 122 - Fehlendes Commitment
    Et war e laange Weekend fir déi dräi aus der Buvette. Den Dylan huet e fräie Sonndeg genoss a spillt en Dënschdeg eng éischt Coupe-Finall, de Ben huet mat Rouspert an der Coupe de Luxembourg fir eng Iwwerraschung gesuergt an de Gilles konnt sech alles a Rou ukucken. Iwwer d'Bundesliga gëtt dës Kéier natierlech och rëm geschwat an zemools iwwer dem Max Eberl säi feelend Commitment.

    Episod 121 - D´Nuller-Vögel

    Episod 121 - D´Nuller-Vögel
    Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes gemeinsam.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbSeptember 27, 2023

    Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler

    Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler
    Besser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot.
    Buvette - De Fussballpodcast
    lbSeptember 22, 2023
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io