Logo

    juuubel

    Explore "juuubel" with insightful episodes like "Episod 32: Ma da kna dach!", "Episod 31: a-sozial", "Episod 30: Vum Soen héieren", "Episod 28: Räismëllech Mëllechräis" and "Episod 27: Frites de Namur" from podcasts like ""Juuubel", "Juuubel", "Juuubel", "Juuubel" and "Juuubel"" and more!

    Episodes (8)

    Episod 32: Ma da kna dach!

    Episod 32: Ma da kna dach!
    De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

    Episod 31: a-sozial

    Episod 31: a-sozial
    De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.

    Episod 30: Vum Soen héieren

    Episod 30: Vum Soen héieren
    De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.

    Episod 27: Frites de Namur

    Episod 27: Frites de Namur
    An der éischter Episod no der Summerpaus beschäftegt de Serrig & David virun allem een Theema, d’Theema vum Summer: dat kackt Wieder zu Lëtzebuerg. Donieft geet et extra op Namur fir déi beschte Fritten aus der Belsch z’iessen, just fir eraus ze fannen, datt déi guer net esou besonnesch sinn. De Serrig erzielt iwwerdeems vu sengem neien Iessensexperiment a senge positive Konsequenzen. Alles dozou, a wat hie mat Lachgas wëlles huet, héiert dir an der neier Episod Juuubel.

    Episod 26: Summerfeeling

    Episod 26: Summerfeeling
    De Serrig & David wiere keng gutt Synchronsprénger, do sinn si sech eens. An der neister Juuubel Episod gitt dir iwwerdeems gewuer wien vun deenen Zwee beim Kappsprong wuel éischter mam Bauch opkomme géif. Doriwwer eraus huet dem Serrig seng Impfsaga en Enn. Den Handykomsun, de Feeling vum Summer, deen an der Loft läit an natierlech och d’Fussball Europameeschterschaft si weider Theemen. Lauschter eran, wann dir wësse wëllt wien hir Favoritte sinn.
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io