Logo

    12 - Musek bedeit fir mech...?

    lbNovember 30, 2020
    What was the main topic of the podcast episode?
    Summarise the key points discussed in the episode?
    Were there any notable quotes or insights from the speakers?
    Which popular books were mentioned in this episode?
    Were there any points particularly controversial or thought-provoking discussed in the episode?
    Were any current events or trending topics addressed in the episode?

    About this Episode

    Dës Kéier op Besuch ass de Pol Belardi, eng vun deenen dreiwende Kräften aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Zesumme mat him deelen d'Julie an de Chris hir Passioun fir Rieslingspaschtéiten a Live-Musek, schwäerme vum Helge Schneider a fannen eraus, wat Heineken a "Sex an engem Kanu" gemeinsam hunn. Um Ordre du Jour stinn awer och eescht Themen: Schwéier Phase vum Liewen an deenen d’Musek e Ventil war, fir nees ze fillen. Oder firwat „musikalesche Fastfood“ geféierlech ass an natierlech och Corona. A bleift nees onbedéngt bis zum Schluss dobäi! De Pol huet eis nämlech säin eegent Rezept fir Schaarfen Ueleg verroden an huet eng Impro op där grujeleg verstëmmter Eldo-Ukulele hikritt!

    Recent Episodes from Schaarfen Ueleg

    22 - Bass du doheem fir z'iessen

    22 - Bass du doheem fir z'iessen
    An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!

    21 - Bass du am Bësch?

    21 - Bass du am Bësch?
    Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d’Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d’Tréinen.

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?
    Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy… Fir déi nei Episod sollt dir iech iwweregens onbedéngt e gudden Navi zouleeën, domat fënnt nämlech jiddereen de Wee op Paräis!

    19 - Alles op dee leschte Stëppel

    19 - Alles op dee leschte Stëppel
    Als Kand huet d'Julie de Petit Robert gelies an de Chris d'Schoulvakanze gehaasst - esouwäit zu hire Streber-Sënnen aus der Primärschoul. An där neier Episod geet et awer virun allem dorëms wat et heescht am Coronajoer ze studéieren. Op Besuch ass dofir d'Karlsruher Studentin Polina Bashlay. Mat him schwätzen déi Zwee iwwert d'Aarbecht vun der ACEL, rätsele wéi een um Studentebal net komplett bei d'Kaz geet a si sech eens, datt een ënner Drock am beschte schafft. Ausserdeem: D'Polina an de Chris streiden driwwer wéi ee Béier zu Karlsruhe gedronk gëtt an de Spuerfuuss Julie huet e kulinareschen Tipp aus senger Studentenzäit!

    18 - Sex um Comptoire

    18 - Sex um Comptoire
    An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d’Julie an de Chris hunn d’Miss Mike an d’Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d’Einschaltquoten ze pushen, d’Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.

    17 - Wéi geet et dir?

    17 - Wéi geet et dir?
    Alles wat mat "Psy-" ufänkt ass och haut nach ëmmer e groussen Tabu an eiser Gesellschaft. An dobäi ass déi mental Gesondheet esou wichteg, grad elo, wou mir schonn e gutt Joer Coronavirus hannert eis hunn! D'Julie an de Chris schwätze mam Psycholog Alex Monteiro iwwert d'Auswierkunge vun der Pandemie, stellen him ganz vill interessant Froe vun den Nolauschter:innen a stelle fest datt et Saache ginn, op déi esouguer e Psycholog keng Äntwerte weess...
    Schaarfen Ueleg
    lbMarch 15, 2021

    16 - Eng gutt Hameschmier!

    16 - Eng gutt Hameschmier!
    Wéi krass Caféen a Restauranten zu eisem soziale Liewen dozou gehéieren, ass eis spéitstens zanter deem éischte Lockdown bewosst ginn. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou traditionell eng zimmlech ausgepräägte Caféskultur gelieft gëtt. Elo mol nach bis Mëtt Mäerz bleift dee ganzen Horesca-Secteur awer zou. An hirer neier Episod schwätzen d'Julie an de Chris mam Fabio, deen zanter 6 Joer selwer e Café huet. Wéi geet hie mat der Ongewëssheet ëm? Wéi gesäit et bei him Enn dës Mounts aus? A wéi erlieft hien d'Solidaritéit vun de Leit? Ausserdeem klären déi zwee Minetter de Chris iwwert d'Rëmelenger Geschicht op an d'Julie keeft elo schonn Ticketen fir deen éischte Bal no Corona!
    Schaarfen Ueleg
    lbFebruary 21, 2021

    15 - Qualitéit iwwer Quantitéit

    15 - Qualitéit iwwer Quantitéit
    Gutt erholl sinn d’Julie an de Chris zeréck aus der Wanterpaus. Hiren Invité ass dës Kéier de jonke Kaploun (spéidere Paschtouer) Vincent de Smet – e Beruff, dee wuel net bei Ville ganz uewen op der Wonschlëscht steet. Wéi ass et op Sex a Bezéiungen ze verzichten? Wat huet säi Papp an der Kellertrap zu him gesot? Wat sinn seng Iddie fir méi Jonker fir d’Kierch ze begeeschteren? A wéi huet de Vincent deenen Zwee e reegelrechte Plot-Twist geliwwert? Äntwerten op ënnert anerem dës Froe kritt dir an där neier Episod!
    Schaarfen Ueleg
    lbFebruary 01, 2021

    14 - Schluss mat „Dat war schonn ëmmer esou.“

    14 - Schluss mat „Dat war schonn ëmmer esou.“
    Déi lescht Episod vun dësem Joer steet um Programm. Fir d’Julie an de Chris also Zäit hire ganz perséinleche Réckbléck vun 2020 ze maachen – ganz ouni Corona, versprach! Déi Zwee hunn nämlech decidéiert, iwwert en anert wichtegt Thema vun dësem Joer ze schwätzen: Black Lives Matter a Rassismus. Dofir war d’Kany Touré, selwer Freelance-Animatrice beim Eldo, op Besuch. Zesummen hu si zum Beispill doriwwer geschwat wéi dacks si selwer Alldagsrassismus erliewen, wéi si domat ëmginn a wat oder wéini een eppes dogéint maache muss. D’BLM-Demo hei zu Lëtzebuerg an dem Kany seng Studienzäit zu Louisiana an den USA ware weider Themen. An zum Schluss gëtt dann och nach déi éiweg Fro „Julie oder Chris?“ gekläert! Entdeckt dee schäerfste Réckbléck, mat engem Thema, zu deem an Zukunft hoffentlech kee méi seet: Mee dat war nach ëmmer esou.
    Schaarfen Ueleg
    lbDecember 27, 2020

    13 - Eng gutt Fläsch Domina!

    13 - Eng gutt Fläsch Domina!
    Mat der Chrëschtzäit ass och nees d’Zäit komm dat Bescht aus dem Wäikeller ze huelen. Well de Chris an d’Julie weder ee Wäikeller hunn, nach genuch dovu verstinn, hu si sech den André Mehlen dobäi geholl. Hie schafft beim lëtzebuergeschen Wäibau-Institut, a konnt hinnen zielen wéi deier ee Wäin si muss, oder ob wat ee beim richen oppasse muss. Ma si sinn och gewuer ginn, wéi sech de Wäibau hei zu Lëtzebuerg geännert huet, a wéi vill Wäiner een am Institut all Joer hei schmaachen dierf. Et goufen och e puer Raibergeschichten aus der Schmaachkommissioun, oder firwat ee kee rout Gedrénks mat enger wäisser Box kombinéiert. Entdeckt déi nei Folge op eldo.lu an alle bekannte Podcast-Plattformen!
    Schaarfen Ueleg
    lbDecember 14, 2020
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io