Logo

    lëtzebuerg

    Explore "lëtzebuerg" with insightful episodes like "#178 Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt..", "#177 De Wee ass fräi fir de Kapitän Angel", "#176 Vu Reprochen a Kläppereien", "#175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit" and "#174 E Premier géint d'ganz Welt" from podcasts like ""HAM, FRITTEN & ZALDOT", "HAM, FRITTEN & ZALDOT", "HAM, FRITTEN & ZALDOT", "HAM, FRITTEN & ZALDOT" and "HAM, FRITTEN & ZALDOT"" and more!

    Episodes (100)

    #178 Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt..

    #178 Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt..
    Mat senger Ausso, Heescherte géife moies an der Stad aus "décke Limousinne mat belsche Plaquen" gelooss ginn, huet de Léon Gloden d'Diskussiounen ëm d'Heescheverbuet am Wanter mat op d'Spëtzt gedriwwen. Elo stellt sech eraus: Beleeë kann den Inneminister déi Ausso iwwerhaapt net. Ausserdeem: d'Monica Semedo geet fir Fokus an d'Europawahlen an de Claude Meisch iwwersteet säi Skandälche bis elo ouni Schued.

    #176 Vu Reprochen a Kläppereien

    #176 Vu Reprochen a Kläppereien
    Eng jonk Fra erhieft Reprochë géint de Minister Claude Meisch. Deen dementéiert alles a beim Parquet läit keng Plainte fir. Vill Damp, kee Feier? Mir schwätzen iwwer d'Affär Meisch an iwwer d'Standarden, déi Medie beim Beriichten iwwer esou Fäll sollte virun Aen hunn. Ausserdeem: den Inneminister stellt der Stad Polizisten aus anere Gemengen zur Verfügung an déi si net glécklech doriwwer.

    #175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit

    #175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit
    Et huet laang - ze laang - gedauert, mee d'Regierung seet endlech: déi einfach Heescherei soll net kriminaliséiert ginn. Hätten sech Frieden, Gloden a Margue eng Rëtsch Kritik kenne spueren, wann se dës mënschlech Ausso scho virun enger Réi Woche gemaach hätten? Ausserdeem: Ginn d'Baueren och zu Lëtzebuerg geschwënn op d'Strooss? A wat geschitt mat Christophe Hansen, dem designéierten EU-Kommissär, no den Europawahlen?

    Energie Myth Busters

    Energie Myth Busters
    An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal. Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit an der Foussgängerzon an der Stad gestallt. De Max geet de bekanntste Mythen op de Grond a probéiert mat der Hëllef vum Laurent Melchior vun Enovos d'Léisungen dozou ze fannen. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    Stroum doheem produzéieren

    Stroum doheem produzéieren
    Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣ ⁣ De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos mécht d'Theorie hannert de PV-Anlage méi gräifbar a weess, wéi eng Optiounen et gëtt, fir d'Lag vum Daach ideal auszenotzen. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence gëtt Detailer zu de verschiddene Subventiounen, déi een bei esou engem Investissement zegutt huet.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg

    Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg
    Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣ ⁣⁣ D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. De Schwéierpunkt läit op der Photovoltaik. Mir gi gewuer, dass Solarpanneauen och schwamme kënnen a kréien erkläert, wéi eng Roll landwirtschaftlech Flächen an Zukunft kënne spillen. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    Liichtverschmotzung

    Liichtverschmotzung
    Kënschtlech Luucht huet méi e groussen Afloss op Mënsch an Déier, wéi ee mengt. Kann et sinn, dass mir eis d’Welt méi hell gemaach hunn, wéi se eigentlech misst an dierft sinn?⁣⁣ ⁣ Mir sinn dës Kéier op Besuch beim Liichtberoder vum Naturpark Our. Den Daniel Gliedner erkläert eis ënner anerem, firwat d’Thema an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt huet, wéi d’Stroossebeliichtung nei geduecht ka ginn a wat fir positiv Effekter et dobäi fir d’Gesondheet gëtt. Den Tiago De Sousa, Chargé d’études bei der Naturverwaltung, seet eis, wéi d’Problematik national an international an Ugrëff geholl gëtt. An de Laurent Melchior vun Enovos gëtt praktesch Tuyauen, fir net nëmme Luucht, mee och Energie ze spueren.⁣⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

    Women in Finance

    Women in Finance
    Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member vum Comité de direction bei der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

    Klimafrëndlech liewen

    Klimafrëndlech liewen
    Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z'änneren, wéi den Ufank vum Joer.⁣ Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d'Klima.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D'Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d'Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zukunft sinn. Mir luussen och beim Estelle Flammang am Buttek Onperfekt zu Maarnech eran, hannert deem eng Initiativ stécht, déi sech fir lokal a saisonal Liewensmëttel staark mécht. A vun Enovos gëtt et einfach Tuyauen, fir Energie ze spueren, woubäi de Klient-Portal my.enovos och eng wichteg Roll spillt.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.

    Banken- a Finanzwelt vu muer

    Banken- a Finanzwelt vu muer
    Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banquieren zu Lëtzebuerg.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

    Mäin Element - Claudine Backes

    Mäin Element - Claudine Backes
    An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann.⁣ ⁣ Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei der Weltgesondheetsorganisatioun ausgesäit a wéi eng Zort Smalltalk ee mam Greta Thunberg soll féieren.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣

    Mäin Element - Guy Fagherazzi

    Mäin Element - Guy Fagherazzi
    An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet.⁣⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen?⁣ https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ ⁣ Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣ https://journal.lu/de ⁣ ⁣ Audioquellen⁣⁣ 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208⁣⁣ ⁣ Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw⁣⁣ ⁣ „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io