Logo

    lëtzebuerg

    Explore "lëtzebuerg" with insightful episodes like "#111 Am Stärenhimmel", "#110 Et ass just e Stéck Pabeier", "#65 Lëfteg Affär", "37 - The Fappening" and "#101 Die Ruhe vor dem Sturm" from podcasts like ""HAM, FRITTEN & ZALDOT", "HAM, FRITTEN & ZALDOT", "Buvette - De Fussballpodcast", "Loscht op Mord" and "HAM, FRITTEN & ZALDOT"" and more!

    Episodes (100)

    #65 Lëfteg Affär

    #65 Lëfteg Affär
    Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da weess een, dass d'Konferenz rëm fir d'Kaz war.

    37 - The Fappening

    37 - The Fappening
    Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.

    #98 Wat wënschs de der?

    #98 Wat wënschs de der?
    D'Anti-Impf-Manifestatiounen vun de leschte Wochen a Méint werfen d'Fro no der Noutwennegkeet vun engem Demonstratiounsgesetz op. Ass dat e klassesche Fall vun "Be Careful What You Wish For?" Ausserdeem: D'Schwurbler haten en Ausfluch gemaach, d'Circulaire Bettel mécht e wéineg erfreeleche Comeback an d'2000er wëllen hir Musek zeréck.

    #44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park

    #44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park
    Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A wann der bis emol an de Genoss kommt, denkt un är Jackett!

    #81 D'Crux mat der Aktualitéit

    #81 D'Crux mat der Aktualitéit
    Wéi ass et fir d'Lëtzebuerger aus Afghanistan weider gaangen? Doriwwer schwätzen de Matthias an de Pierre mat enger Woch Ofstand. Ausserdeem: D'Rentrée kennt méi no an beim Corona-Konzept fir d'Schoulen gëtt et nach vill Diskussiounsbedarf, mir sprangen mat eiser Zäitmaschinn an d'Joer 1942, a mir hunn déi offensichtlechst Musek-Recommandatioun vun der Welt dobäi.
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io