#7 ft. Jilli Vanilli
Frësch aus eisem neie professionelle Kellerstudio déi 7. Episod vun HEI ELEI, dës Kéier mam Jill aus dem "Paus" Podcast.
Funfact 1: D'Jill heescht net wierklech Vanilli mam Familljennumm.
Funfact 2: Hatt huet nach keng vun eise Sendunge fäerdeg gelauschtert.
Genau iwwert dës leschtgenannte Problematik hu mir mam Jill geschwat, awer och iwwer iwwerschate Bands wéi Nirvana oder d'Beatles, den Jamal Khashoggi, an den David (deen alt erëm) ze spéit koum huet brisant, perséinlech News vun der Tinderfront. Alles verpak an engem schlechten Audiomix well d'Jill säin Handy um Dësch leien hat.
Dir wollt et jo sou, reegt iech also net op!