Logo

    madeinluxembourg

    Explore "madeinluxembourg" with insightful episodes like "#16 Lek in de Knalpot", "Episod 6 mam Jil Fischer & Selma Muhovic", "SPECIAL: Feierstorch Finall", "Episod 4 mam Thierry Wagner" and "#7 ft. Jilli Vanilli" from podcasts like ""Hei Elei Lauschter Lo", "KOMPETENT WITZEG. A Moskito Podcast", "Hei Elei Lauschter Lo", "KOMPETENT WITZEG. A Moskito Podcast" and "Hei Elei Lauschter Lo"" and more!

    Episodes (6)

    #16 Lek in de Knalpot

    #16 Lek in de Knalpot
    Dës Episod ass zwar ouni de Fred Keup dofir awer mat enger gudder Portioun vu griicheschem Jughurt, Schocki vun Nestlé an engem Abschid an der lokaler Podcastzeen. Ausserdeem huet den David finalement "Das Sommerhaus der Stars" gekuckt an de Ben stellt Uni-Diplomer a Fro. Vill Spaass beim leschte Lëtzebuerger Meedercherspodcast.

    Episod 4 mam Thierry Wagner

    Episod 4 mam Thierry Wagner
    Och de Veräinssport an d'Sportler sinn Affer vun der aktueller Situatioun. De Sport zu Lëtzebuerg ass zwar nach net sou staark opgestallt wéi am Ausland, trotzdeem ginn et genuch Leit déi finanziell dovunner ofhängeg sinn an zum Beispill vu Veräiner oder Federatiounen agestallt sinn. Nieft dësen ginn et awer och vill éierenamtlech Mataarbechter, sou wéi den Thierry Wagner, Vizepresident vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun (FLH). Hien erkläert ënnert anerem wéi wichteg de Benevolat a Sponsoren och grad an dësen Zäite sinn. Donieft schwätzt de Ben awer och mam Thierry iwwert de Marketing am Sport an nei Weeër déi een hei am Land soll goen an deelweis och scho geet - Stéchwuert #handballassméi.

    #7 ft. Jilli Vanilli

    #7 ft. Jilli Vanilli
    Frësch aus eisem neie professionelle Kellerstudio déi 7. Episod vun HEI ELEI, dës Kéier mam Jill aus dem "Paus" Podcast. Funfact 1: D'Jill heescht net wierklech Vanilli mam Familljennumm. Funfact 2: Hatt huet nach keng vun eise Sendunge fäerdeg gelauschtert. Genau iwwert dës leschtgenannte Problematik hu mir mam Jill geschwat, awer och iwwer iwwerschate Bands wéi Nirvana oder d'Beatles, den Jamal Khashoggi, an den David (deen alt erëm) ze spéit koum huet brisant, perséinlech News vun der Tinderfront. Alles verpak an engem schlechten Audiomix well d'Jill säin Handy um Dësch leien hat. Dir wollt et jo sou, reegt iech also net op!
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io