Mir probéieren an dëse schwéieren Zäiten en Experiment. Mir wëllen, zesumme mat den interesséierten anere Podcasts, en Héierbuch schafen.
Den Titel a mëttlerweil dat éischt Kapitel stinn a mir mengen dass dat eppes epochales kann a wäert ginn.
D'Intro schwätzt keen anere wéi den Alen Attain (Kënschtlernumm; säi Brudder kennt ee vum RTL) an hien erkläert och direkt d'Reegele vun der Challenge.
Jo zu all Héierbuch gehéiert natierlech eng propper Challenge. Wee mir nominéiere fir dat 2. Kapitel a wéi laang virum Release vun dësem soll/dierf Zäit sinn verréit iech alles den Alen. Souvill nach: all Podcast deen eng Episod erausbréngt soll dës natierlech op sengem Channel releasen.
Mir géingen eis freeë wann "de Feierstorch" an d'Geschicht vun der lëtzebuerger Literatur géing agoen a wann net si mir ebe just frou wa mir iech kënnen op e puer aner, méi positiv Gedanken bréngen (ausser wann dir Fan vun Dinosaurier sitt, sorry!).
Iwwregens ass och Fan Art erlaabt. Zu wat inspiréiert iech de Feierstorch? Moolt, illustréiert, maacht - a schéckt eis et, respektiv tagged @hei_elei.