Logo

    newpodcast

    Explore " newpodcast" with insightful episodes like "Denial / Isolation vs Regrouping", "EP.20 The Whaley House", "Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte", "Finding Purpose and Authenticity in Podcasting: A Bliss on Repeat Journey" and "End times the seven seals pt 1. white horse" from podcasts like ""Talking with Fred", "Audie's Oddities", "Minett Mash-Up: De Podcast", "Bliss on Repeat" and "Talking with Fred"" and more!

    Episodes (100)

    EP.20 The Whaley House

    EP.20 The Whaley House

    The Whaley House in San Diego, California, is home to the most haunted house in America. How did it get that way? Lets talk about it!
    .
    .
    .
    If you liked this episode make sure to follow and hit the notification bell so you're told when I upload new episodes every Monday and Thursday.  

    CHECK OUT HAUNTFEST!
    https://mrh80504.wixsite.com/haunt-fest

    Check out behind the scenes on my Instagram! @AudiesOddities
    Check out tiktok! @AudiesOddities

    Wanna follow the host of the show? 
    Tiktok-@Awkwardaudie
    Instagram- @Awkwardaudie

    Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode

    Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.

    Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.

     Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz

    De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.

    Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.

    De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.

    Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Finding Purpose and Authenticity in Podcasting: A Bliss on Repeat Journey

    Finding Purpose and Authenticity in Podcasting: A Bliss on Repeat Journey


    Welcome to another enlightening episode of the Bliss on Repeat Podcast, where we dive deep into the heart of podcasting with a purpose. In this episode, we explore the journey of rediscovering passion for our craft, the divine guidance in our creative process, and the importance of authenticity in connecting with our audience.

    Discover Purpose-Led Creation: Learn how a moment of reflection and divine inspiration can redefine your podcasting journey, turning perceived setbacks into powerful comebacks. We share personal anecdotes of feeling disconnected from our passion project, only to be reinvigorated by a sense of purpose given by a higher power.

    Equip Yourself for Success: Dive into the practical side of podcasting as we discuss essential equipment and tools that can transform your podcasting experience. Whether you're wondering about the right time to invest in your setup or looking for signs to take the next step, this episode provides valuable insights into making informed decisions.

    Embrace Authenticity: Hear about the transformative power of authenticity in podcasting. Discover how staying true to your voice and message can resonate with your audience, foster deeper connections, and ultimately, make a meaningful impact on someone's life.

    Inspirational Insights: Get inspired by stories of divine guidance and the concept of '7 pieces' – a metaphor for the completeness and fulfillment found in pursuing your true calling. Learn how to listen to your intuition and align your podcast's mission with your personal values and beliefs.

    Join Our Community: We invite you to become a part of the Bliss on Repeat family. Subscribe to our podcast to stay updated on future episodes filled with more insights, stories, and tips to empower your podcasting journey. Let's embark on this path of growth, purpose, and authenticity together.

    Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

    Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

    Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.

    Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI

    Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.

    An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.



    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng)

    Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng)

    Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.

    Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi vun eis gaange sinn, um Liewen hale kéint.

    Eise Gaascht, de Carlo Hamling, ass déif mat senger Heemechtsgemeng verwuerzelt. Hien interesséiert sech zënter senger Jugend fir d'Geschicht vu sengem Dall a kennt dës wéi kaum een Aneren. Seng Leidenschaft ass ustiechend an hien deelt säi Wëssen och gäre mat aneren, ënnert anerem bei Ateliere fir Schoulkanner aus der ganzer Regioun.

    De Carlo ass och begeeschterte Sammler vun historeschen Objeten, déi hien deels och dem neie Musée Ferrum zu Téiteng, enger Annex vun der Schungfabrik, zur Verfügung gestallt huet, fir datt se engem breede Public zougänglech sinn.

    Kommt mat op eng Rees duerch iwwer 5500 Joer Gesicht vun enger vun de méi klenge Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

    Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

    Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.

    Eise Gaascht: Mahmoud Hashoush

    Als Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als Participant dobäi.

    Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem services“ gehalen.

    D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.

    Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn.

    De Minett Biosphere Youth Forum gouf ënnerstëtzt vun der André Losch Fondation, Erasmus+, der UNESCO Kommissioun Lëtzebuerg, der ANF an dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du Territoire.

    Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng

    Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng

     Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen. 

    Eise Gaascht: Michel Dadario

    De Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher Karriär Carrière ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.

    De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz verzielt. 

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

    Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

    Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.

    Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de Kabaisercher um Minett Trail a war, eventuell dee falsche Choix fir en Episod mam Sujet „Tiny Houses“ opzehuelen, well eleng an den Openthaltsraum vun dëser Kabaische géif e ganzt Tiny House passen.

    Zënter enger Rei Jore gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Associatioun (Tiny House Community Luxembourg), déi sech duerfir asetzt, der Wunnform vum Tiny House eng legal Basis ze ginn. Eng Fuerderung där se virun e puer Wochen däitlech méi no komm sinn, wéi den Inneministère e „Guide de mise en oeuvre“ fir Tiny Houses publizéiert huet, deen de Gemenge Richtlinne gëtt, wa se dës Form vu Wunnen op hirem Territoire wëllen erlaben. 

    De Guide fir d‘Gemengen, d’Iddi hannert dem Liewen an engem Tiny House an d’Schwieregkeeten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt an d’Konzept vun engem Tiny Houses Village sinn eis Sujeten am Gespréich mam Nickie Lippert, der Presidentin vun der Tiny House Community Luxembourg, déi hiert butzegt Doheem am Gaart vun hiren Eltere stoen huet, an dem Laura Hurst, enger Amerikanerin zu Lëtzebuerg, déi sech zum Zil gesat huet nach virun Enn vum Joer an engem Tiny House ze wunnen. 

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage

    Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage

    Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn.

    Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner aus der Minett UNESCO Biosphere. 

    Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden. 

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io