Logo

    Schaarfen Ueleg

    Fir dem Chris an dem Julie hire Podcast brauch dir iech net waarm unzedoen, "schaarfen Ueleg" dreift iech och esou d'Schweesspärelen op d'Stir. Fir all Folleg si mir op der Sich no skurrillen, interessanten an aussergewéinleche Mënschen, déi eppes ze zielen hunn. Mir stellen déi Froen, déi eis op der Zong brennen. Eemol de Mount op eldo.lu an all de bekannte Podcast-Plattformen!
    lb22 Episodes

    People also ask

    What is the main theme of the podcast?
    Who are some of the popular guests the podcast?
    Were there any controversial topics discussed in the podcast?
    Were any current trending topics addressed in the podcast?
    What popular books were mentioned in the podcast?

    Episodes (22)

    22 - Bass du doheem fir z'iessen

    22 - Bass du doheem fir z'iessen
    An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!

    21 - Bass du am Bësch?

    21 - Bass du am Bësch?
    Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d’Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d’Tréinen.

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?
    Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy… Fir déi nei Episod sollt dir iech iwweregens onbedéngt e gudden Navi zouleeën, domat fënnt nämlech jiddereen de Wee op Paräis!

    19 - Alles op dee leschte Stëppel

    19 - Alles op dee leschte Stëppel
    Als Kand huet d'Julie de Petit Robert gelies an de Chris d'Schoulvakanze gehaasst - esouwäit zu hire Streber-Sënnen aus der Primärschoul. An där neier Episod geet et awer virun allem dorëms wat et heescht am Coronajoer ze studéieren. Op Besuch ass dofir d'Karlsruher Studentin Polina Bashlay. Mat him schwätzen déi Zwee iwwert d'Aarbecht vun der ACEL, rätsele wéi een um Studentebal net komplett bei d'Kaz geet a si sech eens, datt een ënner Drock am beschte schafft. Ausserdeem: D'Polina an de Chris streiden driwwer wéi ee Béier zu Karlsruhe gedronk gëtt an de Spuerfuuss Julie huet e kulinareschen Tipp aus senger Studentenzäit!

    18 - Sex um Comptoire

    18 - Sex um Comptoire
    An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d’Julie an de Chris hunn d’Miss Mike an d’Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d’Einschaltquoten ze pushen, d’Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.

    17 - Wéi geet et dir?

    17 - Wéi geet et dir?
    Alles wat mat "Psy-" ufänkt ass och haut nach ëmmer e groussen Tabu an eiser Gesellschaft. An dobäi ass déi mental Gesondheet esou wichteg, grad elo, wou mir schonn e gutt Joer Coronavirus hannert eis hunn! D'Julie an de Chris schwätze mam Psycholog Alex Monteiro iwwert d'Auswierkunge vun der Pandemie, stellen him ganz vill interessant Froe vun den Nolauschter:innen a stelle fest datt et Saache ginn, op déi esouguer e Psycholog keng Äntwerte weess...
    Schaarfen Ueleg
    lbMarch 15, 2021

    16 - Eng gutt Hameschmier!

    16 - Eng gutt Hameschmier!
    Wéi krass Caféen a Restauranten zu eisem soziale Liewen dozou gehéieren, ass eis spéitstens zanter deem éischte Lockdown bewosst ginn. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou traditionell eng zimmlech ausgepräägte Caféskultur gelieft gëtt. Elo mol nach bis Mëtt Mäerz bleift dee ganzen Horesca-Secteur awer zou. An hirer neier Episod schwätzen d'Julie an de Chris mam Fabio, deen zanter 6 Joer selwer e Café huet. Wéi geet hie mat der Ongewëssheet ëm? Wéi gesäit et bei him Enn dës Mounts aus? A wéi erlieft hien d'Solidaritéit vun de Leit? Ausserdeem klären déi zwee Minetter de Chris iwwert d'Rëmelenger Geschicht op an d'Julie keeft elo schonn Ticketen fir deen éischte Bal no Corona!
    Schaarfen Ueleg
    lbFebruary 21, 2021

    15 - Qualitéit iwwer Quantitéit

    15 - Qualitéit iwwer Quantitéit
    Gutt erholl sinn d’Julie an de Chris zeréck aus der Wanterpaus. Hiren Invité ass dës Kéier de jonke Kaploun (spéidere Paschtouer) Vincent de Smet – e Beruff, dee wuel net bei Ville ganz uewen op der Wonschlëscht steet. Wéi ass et op Sex a Bezéiungen ze verzichten? Wat huet säi Papp an der Kellertrap zu him gesot? Wat sinn seng Iddie fir méi Jonker fir d’Kierch ze begeeschteren? A wéi huet de Vincent deenen Zwee e reegelrechte Plot-Twist geliwwert? Äntwerten op ënnert anerem dës Froe kritt dir an där neier Episod!
    Schaarfen Ueleg
    lbFebruary 01, 2021

    14 - Schluss mat „Dat war schonn ëmmer esou.“

    14 - Schluss mat „Dat war schonn ëmmer esou.“
    Déi lescht Episod vun dësem Joer steet um Programm. Fir d’Julie an de Chris also Zäit hire ganz perséinleche Réckbléck vun 2020 ze maachen – ganz ouni Corona, versprach! Déi Zwee hunn nämlech decidéiert, iwwert en anert wichtegt Thema vun dësem Joer ze schwätzen: Black Lives Matter a Rassismus. Dofir war d’Kany Touré, selwer Freelance-Animatrice beim Eldo, op Besuch. Zesummen hu si zum Beispill doriwwer geschwat wéi dacks si selwer Alldagsrassismus erliewen, wéi si domat ëmginn a wat oder wéini een eppes dogéint maache muss. D’BLM-Demo hei zu Lëtzebuerg an dem Kany seng Studienzäit zu Louisiana an den USA ware weider Themen. An zum Schluss gëtt dann och nach déi éiweg Fro „Julie oder Chris?“ gekläert! Entdeckt dee schäerfste Réckbléck, mat engem Thema, zu deem an Zukunft hoffentlech kee méi seet: Mee dat war nach ëmmer esou.
    Schaarfen Ueleg
    lbDecember 27, 2020

    13 - Eng gutt Fläsch Domina!

    13 - Eng gutt Fläsch Domina!
    Mat der Chrëschtzäit ass och nees d’Zäit komm dat Bescht aus dem Wäikeller ze huelen. Well de Chris an d’Julie weder ee Wäikeller hunn, nach genuch dovu verstinn, hu si sech den André Mehlen dobäi geholl. Hie schafft beim lëtzebuergeschen Wäibau-Institut, a konnt hinnen zielen wéi deier ee Wäin si muss, oder ob wat ee beim richen oppasse muss. Ma si sinn och gewuer ginn, wéi sech de Wäibau hei zu Lëtzebuerg geännert huet, a wéi vill Wäiner een am Institut all Joer hei schmaachen dierf. Et goufen och e puer Raibergeschichten aus der Schmaachkommissioun, oder firwat ee kee rout Gedrénks mat enger wäisser Box kombinéiert. Entdeckt déi nei Folge op eldo.lu an alle bekannte Podcast-Plattformen!
    Schaarfen Ueleg
    lbDecember 14, 2020

    12 - Musek bedeit fir mech...?

    12 - Musek bedeit fir mech...?
    Dës Kéier op Besuch ass de Pol Belardi, eng vun deenen dreiwende Kräften aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Zesumme mat him deelen d'Julie an de Chris hir Passioun fir Rieslingspaschtéiten a Live-Musek, schwäerme vum Helge Schneider a fannen eraus, wat Heineken a "Sex an engem Kanu" gemeinsam hunn. Um Ordre du Jour stinn awer och eescht Themen: Schwéier Phase vum Liewen an deenen d’Musek e Ventil war, fir nees ze fillen. Oder firwat „musikalesche Fastfood“ geféierlech ass an natierlech och Corona. A bleift nees onbedéngt bis zum Schluss dobäi! De Pol huet eis nämlech säin eegent Rezept fir Schaarfen Ueleg verroden an huet eng Impro op där grujeleg verstëmmter Eldo-Ukulele hikritt!
    Schaarfen Ueleg
    lbNovember 30, 2020

    11 - Do kanns de nach bis Mokuchsdag waarden!

    11 - Do kanns de nach bis Mokuchsdag waarden!
    An där neier Episod huelen d'Julie an de Chris sech vill Zäit fir iwwert en Thema ze schwätzen, dat hinne wierklech um Häerz läit an iwwert dat nach vill méi misst geschwat ginn: Mental Gesondheet. Dofir ass d'Marie op Besuch, dat op Instagram mat "Mokuchsdag" eng Plattform geschafen huet, op där genee doriwwer geschwat gëtt. Déi 3 fannen eng gutt Mëschung aus Theorie a Praxis, setzen sech dofir an datt "Mat sech selwer eens ginn" e Schoulfach misst ginn an erkläre firwat Lëtzebuergesch aktuell nach déi "falsch" Sprooch ass fir iwwert psychesch Gesondheetsproblemer ze schwätzen.
    Schaarfen Ueleg
    lbNovember 15, 2020

    10 - Een intime Jubiläum

    10 - Een intime Jubiläum
    Wëllkomm bei eisem Jubiläum! Mer si bei der 10. Episode vum „Schaarfen Ueleg“ ukomm. An do ass eis opgefall, dass der eigentlech nach ni esou richteg d'Chance krut de Chris a n d'Julie e bësse besser kennen ze léieren. Zäit dat ze änneren! Dofir gitt der zum Beispill des Episode gewuer, firwat de Chris dem Julie „säin Éischten“ ass beim Eldo, oder wat fir Problemer déi zwee mat Autosplacken hunn. Donieft ginn awer och ënnert anerem iwwert Corona-Aktivitéiten, Sport-Virléiften oder komesch Goûte geschwat. An de Chris ronnt d'Episode mat enger Demonstratioun vu senge Gesangskënscht of.
    Schaarfen Ueleg
    lbNovember 02, 2020

    9 – Joss den Hellen – Attitüüüüüüüd!

    9 – Joss den Hellen – Attitüüüüüüüd!
    Nuddele mat Trüffe zerwéiert vum Kim Kardashian, Hunnegdrëpp als Nationalgedrénks an Attitüde – de Jos den Hellen mécht et méiglech! Eigentlech heescht hien Daniel Moutinho an ass Farleerer. Als Stand-Up-Comedian ewéi och mat sengem Alter Ego bréngt hien de Lëtzebuerger hir Mondwénkelen zum Wackelen a suergt fir e bëssen Ofwiesslung am Alldag. Wéi gesäit d’Comedy-Zeen hei am Land aus, wou si seng Grenzen a wéi geet hie mat Feedback ëm? D’Äntwerten op déi Froen an e puer Raibergeschichte vun der Bün kritt dir an där neier Episod.
    Schaarfen Ueleg
    lbOctober 18, 2020

    8 – Bréisseler Attentater : “Et denkt een net direkt un eng Bomm“

    8 – Bréisseler Attentater : “Et denkt een net direkt un eng Bomm“
    An der neier Episod hunn d'Julie an de Chris et mam Dokter Daniel Patricio ze dinn. Aktuell mécht hie seng Spezialisatioun vum Anästhesist zu Bréissel. Hien zielt hinne wéi d'Bréisseler Attentater aus dem Joer 2016 dës Decisioun mat beaflosst hunn, a wéi dësen Dag fir d'Secouristen an d'Urgencen zu Bréissel ausgesinn huet. Ma als Bréisseler Student, huet den Daniel hinnen awer och e puer Saachen iwwert de „Baptême“ zu Bréissel verroden, oder villäicht och net?
    Schaarfen Ueleg
    lbOctober 04, 2020

    7 – Chaos um Broadway

    7 – Chaos um Broadway
    Schauspillerin, Entertainerin, Sängerin - scho säi ganzt Liewe laang steet d'Adrienne Haan op den Theater-Büne ronderëm d'ganz Welt. Mat him schwätzen d'Julie an de Chris iwwert de Chaos um Broadway, de Konkurrenz-Kampf am Business an d'Zukunft vum Kultur-Secteur. Donieft gëtt aus dem Publikum mat Iesse geheit an op Kommando gekrasch.
    Schaarfen Ueleg
    lbSeptember 21, 2020

    6 - Huel den Deckel dach erof!

    6 - Huel den Deckel dach erof!
    Alles nei beim Schaarfen Ueleg: Nei Stëmm, e puer pikant nei Rubriken a vun elo un zwee Mol de Mount. Eng Saach bleift awer beim Alen: Et gëtt all Episod en Invité! Dës Kéier op Besuch ass de Jan – ATM an der Radiologie zu Ettelbréck am Spidol. Mat him schwätzen d’Julie an de Chris iwwert den Challenge a sengem Beruff, iwwert d’Coronakris an iwwer mëssgléckte Sexual-Praktiken.
    Schaarfen Ueleg
    lbSeptember 06, 2020
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io