Logo

    eldoradio

    Explore "eldoradio" with insightful episodes like "#73 Eeër, mir brauchen Eeër", "#72 3/3 Buvette", "Episod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?!", "#71 2/3 Buvette" and "#70 Leben und leben lassen" from podcasts like ""Buvette - De Fussballpodcast", "Buvette - De Fussballpodcast", "Gamer Things", "Buvette - De Fussballpodcast" and "Buvette - De Fussballpodcast"" and more!

    Episodes (100)

    #72 3/3 Buvette

    #72  3/3 Buvette
    D'Buvette ass endlech rëm komplett! De Gilles zielt vu senge Champions League Erliefnisser, dem Ben waart op den nächsten Zuch an den Dylan huet sech rëm erkritt, nodeems en flaach louch. Zu Berlin hat dem Felix Magath säin Interview méi Highlights wei seng Equipe wärend dem Match an an der Premier League gouf den absolutten Toppmatch gespillt.

    Episod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?!

    Episod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?!
    "Alles gëtt méi deier!" - Eis Nerds vu Gamer Things fueren sech ganz verdutzt iwwert de Kapp wann se mieken waat d'Industrie fir en Courage huet wann et ëm Sue geet. Sinn 250 Euro ok fir en Auto a Gran Turismo 7? Sin 300 Euro zevill fir eng Manette? An da bezillt EA emol net hier Apex-Teams hier Rees?! Dat ganzt "sur un lit de": Elden Ring Geschärms vum Mike, accompagné des Wambo Combos; à la Marc.

    #68 Come backer

    #68 Come backer
    Beim Ben gëtt et Zäit, nei Schlappen auszepaken an den Dylan huet mat der TuS en Derby ënnert Flutlicht virun sech! An der Bundesliga dierf de legendäre Quälix seng Qualitéiten da lo beim Big City Club ënner Beweis stellen a Leverkusen muss eng batter Pell schlécken. A wärend de Messi a PSG doheem ausgepaff gëtt, hat de Ronaldo en Weekend, wei een sech en besser net hätt kéinte virstellen.

    #66 Mir brauchen en neien Kepa

    #66 Mir brauchen en neien Kepa
    De Progrès ass rëm do wou mer en gär hätten an d'Preparatioun vun TuS Königsdorf geet mam Rosenmontag op en Enn. Karneval war de Weekend och am Kölner Keller, wou de VAR méi wei ee Mol als Jeck ënnerwee war, sou dass dem Max Kruse wéi och der beléifter Hertha vu Berlin net no Konfetti war. An da freet een sech an der Buvette, wéi et sech als Kepa ufillt, extra fir d'Eelefmeterschéissen agewiesselt ze ginn an den entscheedenden Eelefmeter an d'Wolleken ze donneren.

    #65 Lëfteg Affär

    #65 Lëfteg Affär
    Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da weess een, dass d'Konferenz rëm fir d'Kaz war.

    37 - The Fappening

    37 - The Fappening
    Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.

    #64 Schwarzgeld

    #64 Schwarzgeld
    Et ass roueg! Dat läit éischtens dorun, dass deen Drëtten aus der Buvette nach ëmmer feelt an zweetens, dass am internationale Fussball net vill lass war, wouriwwer een sech déifgrënneg ënnerhale misst. Dofir war et dës Woch eng éischter labber Affär, mat ënner anerem engem Thema aus dem Amateurfussball, wat virun allem an Däitschland mëttlerweil e grousse Problem ass.

    #63 Schwammmeeschter gesicht

    #63 Schwammmeeschter gesicht
    Dës Woch läit et rëm um Duo Ben a Gilles, well den Dylan d'Schipisten onsécher mécht an de Wee an d'Buvette net packt. Wärenddeem huet d'BGL-Ligue nees ugefaangen, och wann se op verschidde Plazen direkt rëm ënnergeet. An Däitschland war et en turbulente Weekend mat zwee Toppmatcher, engem Trainer, deen an der Stuff hin an hier sprengt an engem Lëtzebuerger Duell an der 2. Liga. An schliisslech geet den Afrika-Cup och op en Enn.

    Episod 33: Vitaminn D

    Episod 33: Vitaminn D
    De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io