Logo

    eldoradio

    Explore "eldoradio" with insightful episodes like "#61 Mir versti just Chineesesch", "35 - Den "Todespfleger"", "#60 Do kann een sech froen, firwat?", "Episod 32: Ma da kna dach!" and "Episod 13: Dei nei Sony VR2!" from podcasts like ""Buvette - De Fussballpodcast", "Loscht op Mord", "Buvette - De Fussballpodcast", "Juuubel" and "Gamer Things"" and more!

    Episodes (100)

    #61 Mir versti just Chineesesch

    #61 Mir versti just Chineesesch
    D'Fussballwoch huet mat enger verréckter däitscher Coupe ugefaangen an hält mat chineesesche Paräis Tricoten op. Dotëscht ploen sech de Ben an den Dylan duerch d'Virbereedung, an der 2. Liga gëtt et neien Dramduo an em den Afrika-Cup ass et bësse méi roueg ginn. Mee vill Leit wäerten sech elo och froen, firwat nächste Weekend net gespillt gëtt.

    35 - Den "Todespfleger"

    35 - Den "Todespfleger"
    Den Niels Högel schafft tëscht dem Joer 1999 an 2005 a verschidde Spideeler. Hien gëtt als gudde Fleeger ugesinn, bis opfält datt ëmmer wann hien am Déngscht ass et besonnesch vill Reanimatiounen a Stierffäll ginn. Wat den Niels Högel domadder ze dinn huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.

    #60 Do kann een sech froen, firwat?

    #60 Do kann een sech froen, firwat?
    Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent spillen. Do kann een sech froen, firwat?

    Episod 32: Ma da kna dach!

    Episod 32: Ma da kna dach!
    De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

    Episod 13: Dei nei Sony VR2!

    Episod 13: Dei nei Sony VR2!
    Vill Gléck am neien Joer! Wat gouf dann esou iwwert Chrëschtdeeg gezockt? Sony presentéiert seng nei VR mam beschten Numm deen een dofir auswielen kann: Sony VR2 ! Eisen Battlefield 2042 Rant gëtt esou lues zum Running-Rant an et ginn nach eng Rëtsch interessant Leaks, déi dëst Joer eventuell zu engem Top Joer am Gaming kéinten maachen.- raumt är Festplatten, huelt äerch Zäit. 2022 ass lancéiert!

    #59 Kee Stil, just Goler!

    #59 Kee Stil, just Goler!
    D'Buvette späert seng Diere fir 2022 op an och den Dylan ass rëm mat u Bord! Wärend d'Preparatiounen zu Nidderkuer a Königsdorf rëm uginn, geet et an der Bundesliga weider, wou Bayern souwuel mat Gladbach wei och mam Covid ze kämpfen huet. Dee Problem gesäit een och an England, wou d'Matcher entweder ganz ofgesot ginn, oder mat vollen Tribüne gespillt ginn. An dann dierfe mir op dem Gilles seng Aarbecht als Afrika-Cup Korrespondent gespaant sinn.

    #58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz

    #58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz
    Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d’Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d’BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng net onintressant Pann, wat puer Spekulatioune mat sech bréngt.

    Episod 31: a-sozial

    Episod 31: a-sozial
    De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.

    #57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt?

    #57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt?
    De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft... an op der Insel kann de Rolf Rangnick säin Debut feieren.

    #56 De Ballon d‘Or knapps verpasst

    #56 De Ballon d‘Or knapps verpasst
    De Ballon d’Or ass gewielt, och wann de Ben de Weekend nach eng Kéier alles gemaach huet fir do e Wuert mat ze schwätzen. Wärenddeem setzt den Dylan weiderhin a Quarantän, de Gilles ass op Studierees an endlech gouf et mol rëm eng Bundesliga Samschdes Mëttes Konferenz, déi Spaass gemaach huet. A Portugal wees een net op et net awer Kreisliga war a wann ee mengt et hätt een alles gesinn, da muss een a Rumänien kucke goen... oder eben nëmmen hallef.

    32 - Marc DuTroux Part 1

    32 - Marc DuTroux Part 1
    Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.

    Episod 30: Vum Soen héieren

    Episod 30: Vum Soen héieren
    De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.

    #55 Skipper geht von Bord

    #55 Skipper geht von Bord
    Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.

    #53 Gänsehaut

    #53 Gänsehaut
    Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Ronaldo läit. An dann gouf et nach een oder deen anere Lëtzebuerger Gol de Weekend.
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io