Logo

    eldoradio

    Explore "eldoradio" with insightful episodes like "25 - D'Famill Schulze", "22 - Bass du doheem fir z'iessen", "Episod 2: Iwwert Tops an iwwert Flops!", "# Den EM-Special aus der Buvette! (1)" and "21 - Bass du am Bësch?" from podcasts like ""Loscht op Mord", "Schaarfen Ueleg", "Gamer Things", "Buvette - De Fussballpodcast" and "Schaarfen Ueleg"" and more!

    Episodes (100)

    22 - Bass du doheem fir z'iessen

    22 - Bass du doheem fir z'iessen
    An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!

    # Den EM-Special aus der Buvette! (1)

    # Den EM-Special aus der Buvette! (1)
    Den EM-Special aus der Buvette! D’Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp a kucke wat bis elo sou geschitt ass.

    21 - Bass du am Bësch?

    21 - Bass du am Bësch?
    Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d’Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d’Tréinen.

    #39 Duuscht an alle Ligaen

    #39 Duuscht an alle Ligaen
    Buvette déi lescht! Mir schléissen dës Saison mat enger Episod of, wou mer dem Ben säi Gol feieren an hien seng Equipe domat an der Course em déi 4. Plaz hält. Dat bedeit een oder deen anere Cageot fir hien an dat ass wuel d’Stéchwuert bei ganz ville Veräiner an deene verschiddene Ligaen an Europa, vu Championne wéi Lille oder Atletico iwwert Qualifikatioune vun Union Berlin bis zu Opsteiger wéi Hansa Rostock, wou ee rëm besonnesch erausstécht. Dann soe mir villmools Merci fir de Support bis heihin a mir héieren eis, ofgesi vum EM-Special, am August rëm, wann déi grouss Ligae rëm ufänken.

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?

    20 - Big Mac oder 5-Gänge-Menü?
    Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy… Fir déi nei Episod sollt dir iech iwweregens onbedéngt e gudden Navi zouleeën, domat fënnt nämlech jiddereen de Wee op Paräis!

    #38 Extas zu München

    #38 Extas zu München
    Dës Woch war et eng Buvette Late-Night-Show well de Gilles zu München ënnerwee war an eng Stad am Ausnamezoustand virfënnt. An et huet een d’Gefill, et gëtt manner iwwert d’Meeschterschaft geschwat wéi iwwert de Golrekord, wou d’Meenungen an der Buvette ausernee ginn. Eng perfekt Dortmunder Woch bréngt dann awer och Froe souwuel iwwert den aktuelle wéi och iwwert den zukünftegen Trainer op. Dramatesch bleift et weiderhin am Tabellekeller an an den europäesche Ligaen decidéiert sech da villes nach de leschte Spilldag.

    # 37 Drama Baby Drama!

    # 37 Drama Baby Drama!
    Dramatesch spannend bleift et! An der BGL-Ligue, wou d’Fola d’Dier fir Diddeleng an Hesper nach eng Kéier opmécht an de Progrès a Racing sech weider em déi 4. Plaz streiden. A Spuenien, wou keen an den direkten Dueller vun den éischte 4 gewënnt. An zu gudder Lescht an Däitschland, wou net nëmmen an der 1. Liga géint den Ofstig gekämpft gëtt, mee wou virun allem an de Ligen ënnendrënner de Bam brennt an et ob eng (an des Kéier wierklech) bescht 2. Liga rausleeft. Wat den HSV misst maachen, fir rëm sympathesch ze sinn an ee Grond, firwat et sech géif lounen, de Ronaldo bei Bayern ze gesinn, héiert dir an der neier Episode “...”.

    # 36 Rapp a Klapp

    # 36 Rapp a Klapp
    Et huet gerabbelt de Weekend, an dat leider net nëmmen am Filet. Ob an der BGL-Ligue, an der Ligue 1 oder an der Premier League, an der Kabinn, um Terrain oder virum Stadion, et war quasi alles derbäi. Wat de sportlechen Deel ugeet, bleift et hei zu Lëtzebuerg weiderhi spannend an an Däitschland kënnt et an der Coupe zur erwaarte Final. An fir déi, déi net wësse wat se déi nächst Deeg kucke sollen, huet den Dylan e klenge Programm opgestallt.

    19 - Alles op dee leschte Stëppel

    19 - Alles op dee leschte Stëppel
    Als Kand huet d'Julie de Petit Robert gelies an de Chris d'Schoulvakanze gehaasst - esouwäit zu hire Streber-Sënnen aus der Primärschoul. An där neier Episod geet et awer virun allem dorëms wat et heescht am Coronajoer ze studéieren. Op Besuch ass dofir d'Karlsruher Studentin Polina Bashlay. Mat him schwätzen déi Zwee iwwert d'Aarbecht vun der ACEL, rätsele wéi een um Studentebal net komplett bei d'Kaz geet a si sech eens, datt een ënner Drock am beschte schafft. Ausserdeem: D'Polina an de Chris streiden driwwer wéi ee Béier zu Karlsruhe gedronk gëtt an de Spuerfuuss Julie huet e kulinareschen Tipp aus senger Studentenzäit!

    # 35 Ticket wannechgelift!

    # 35 Ticket wannechgelift!
    Se war sou séier fort, wéi se komm ass: d’Super League wäert et net ginn. De Problem awer bleift, well d’Reform vun der Champions League ass net wierklech besser, woumat mer rëm bei de Kolleege vun der UEFA wieren. Wéi gutt dass et d’BGL-Ligue gëtt, wou een dierf gespaant sinn, wien de leschten Ticket fir déi europäesch Plaze krit. Wat Ticketen ugeet, kennt sech de Ben spéitstens no dëser Episod, ganz gutt aus. An der Bundesliga ass de Moment wuel keng Equipe besser ënnerwee wéi déi Mainzer mat eisem Mettelfeldmotor Leandro Barreiro, wat och d’Bayern an en Lewandowski hu missen agesinn. A säit dësem Weekend dierf de Gerson Rodrigues sech ukrainesche Champion nennen.

    # 34 Super onnéideg

    # 34 Super onnéideg
    Et ass eng Noriicht, déi engem als Fan just nach d’Flemm andreift an dofir gëtt an der Buvette och kee Blat virun de Mond geholl. D’Super League wäert de Fussball, wéi mir en kennen, zerstéieren an och wann et nach vill oppe Froe ginn, gouf eng éischt awer relativ kloer Analys gemaach. Dowéinst ass de ganze Recht aus dëser Fussballwoch och bësse vernoléissegt ginn, ausser dass en Lëtzebuerger d’Super League gewonnen huet.

    # 33 Trauzeuge Sascha

    # 33 Trauzeuge Sascha
    Quasi vum Terrain an d’Buvette virun de Mikro an domat nach voller Emotiounen, hellt de Ben eis rëm mat an d’BGL-Ligue. An der Bundesliga schéisst de Leandro Barreiro en Gol fir seng Faarwen, dee méi wichteg net kéint sinn an et freet een sech, wou säi Wee nach hiféiert. A wéi enger Hisiicht den Dylan d’Formel 1 léiwer huet wéi de Fussball a wéi eng zwee Spiller en Dramduo am Stuerm géife bilden, héiert dir an der neier Episode "Trauzeuge Sascha".
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io