Logo

    eldoradio

    Explore "eldoradio" with insightful episodes like "18 - Sex um Comptoire", "#32 Dylan mat der Schuffl", "14 - Devils Pass (Djatlow)", "13 - Ed Kemper" and "12 - Quiz an Diskussioun" from podcasts like ""Schaarfen Ueleg", "Buvette - De Fussballpodcast", "Loscht op Mord", "Loscht op Mord" and "Loscht op Mord"" and more!

    Episodes (100)

    18 - Sex um Comptoire

    18 - Sex um Comptoire
    An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d’Julie an de Chris hunn d’Miss Mike an d’Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d’Einschaltquoten ze pushen, d’Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.

    #32 Dylan mat der Schuffl

    #32 Dylan mat der Schuffl
    Eis Rout Léiwe gi no engem excellente Match géint d’Portugise leider net belount. Dofir awer de Gerson Rodrigues, dee fir déi éischte Kéier am ‘Team of the Week’ lant. De Bundesliga Spilldag war absolut fir d’Kaz a fir de Recht war et eng Episod, déi vu méi oder manner gescheite Kommentaren a Gesabbels gelieft huet, dat mat engem Dylan, deen an Topform war.

    5 - Frauke Liebs

    5 - Frauke Liebs
    Zu Paderborn ass 2006 dat 20 Joer aalt Frauke Liebs verschwonnen, nodeems et mat enger Frëndin an engem Irish Pub en Match vun der Fussball-WM gekuckt huet. Déi folgend Deeg kommen ëmmer rëm SMSen an Uriff vum Frauke, mee Geneeës seet et ni. Am Oktober 2006 fënnt een dann d' Läich vum Frauke.

    # 31 Punkten um Compte

    # 31 Punkten um Compte
    En Weekend wéi een sech en virstellt: De Ben freet sech iwwert 3 Punkte mam Progrès an eis Rout Léiwe gewanne sensationell zu Dublin! Eng komplett verdéngte Victoire léist hoffen op méi, och wann lo keen anere Géigner wei Portugal am Josy ob si waart, mat engem Ronaldo, deen seng Roserei well rausloossen. An der Buvette versteet awer och keen, firwat et net an all Stadion Torlinientechnik gëtt a stellt d’UEFA a Fro, déi niewebäi vergësst, dass mir grad mat enger Pandemie kämpfen. Zum Schluss dann nach eng Propose, wéi den Tournoi am Summer kéint gespillt ginn.

    #11 ft. Lynn Warken

    #11 ft. Lynn Warken
    Wat geschitt wann 3 Radioleit e Podcast zesummen ophuelen déi sech allen 3 vill gär hunn? Richteg! Iwwert 1 Stonn Interferenzen, Réckkopplungen an 2 Uleef wéinst technesche Problemer. Wéi géing de Mickie Krause soen? Egaaaaal! An eiser 11. Episod hu mer eis an Erënnerunge verluer, d'Hobbyimkerin a Mierschwéngchekillerin Lynn (Eldo, Keck) huet eis iwwert Botanik a Bannenariichtung ausgefrot an den David erzielt exklusiv vu sengem illegale Bordercrossing. Content, Content, Content!!
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io