Logo

    Hei Elei Lauschter Lo

    Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter
    lb32 Episodes

    People also ask

    What is the main theme of the podcast?
    Who are some of the popular guests the podcast?
    Were there any controversial topics discussed in the podcast?
    Were any current trending topics addressed in the podcast?
    What popular books were mentioned in the podcast?

    Episodes (32)

    #29 The Last Dance

    #29 The Last Dance
    "That's it" wéi de Fransous seet. "Au Revoir" fir et mat de Wierder vum Tim Bendzko ze soen. Episod 29 ass déi leschten Episod, passend bei der ronner Zuel... Jo, et stëmmt wierklech, den Daniel an de Bob halen op a geheien nach eng Kéier alles wat se hunn an dës Finall. Mat dobäi: Knallhaart Analysen, witzeg Spréch vun A-Z, wat da lo mam Chris an Eva ass, an natierlech och... Haha, dat schreiwe mir lo net - lauschtert! Eddi mat Metti
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbAugust 27, 2021

    #28 ft. Cliffhanger de la Muerte

    #28 ft. Cliffhanger de la Muerte
    Ass d'Episod 28 déi richteg Episod fir opzehalen? Jiddefalls mol dës Saison... Wat nom Summer geschitt musse mer kucken. Oder wat wëll eis soss dee Cliffhanger soen déi méi dramatesch ass wéi de Cliffhanger am Film Cliffhanger mam Sylvester Stallone. Wat ass soss geschitt? De Ben zielt der Welt dass en endlech Parks&Rec fäerdeg gekuckt huet, den David weist eis seng seng exklusiv Kap vu Supreme an déi 2 loosse sech bedauere wéinst hierer Impfreaktioun. Dat si lo mol déi ganz wichteg Saachen. Soss ass et awer och nach ëm Cancel Culture gaangen, de Noostkonflikt gouf liischt ugerass an de Ben huet nach zum Schluss e wichtege Message (Statement: mir schwätzen an engem Punkt iwwer "Schwuler", mengen awer u sech "LGBTQI+"...et war relativ spontan, an et geet wa mer éierlech sinn eigentlech och méi ëm den Inhalt vum Message).
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbJune 04, 2021

    #26 100,7 Grënn fir eng Wuerzelbehandlung

    #26 100,7 Grënn fir eng Wuerzelbehandlung
    Mir krute vun engem gewëssene Frëndeskrees ugeruff a Geld ugebuede fir eng nei Episod erauszebréngen. De Rubel ass gerollt, hei si mer! D'Top Thema vun dëser Episod ass net fir mat pinken Händschen unzepaken: dem David seng Wuerzelbehandlung. Donieft hu mir eng nei Rubrik mat eise beschten Nolauschterer zesummen, den David probéiert d'Britney e bëssen ze "entframen" an de Ben probéiert de Jeannot Waringo bei de radio 100komma7 ze schécken.
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbApril 23, 2021

    #25 Hei Elive No. 1

    #25 Hei Elive No. 1
    Fir déi 25. Editioun vun eisem weltwäit gefeierte Podcast hunn de Ben an David sech eppes Extraes afale gelooss: net nëmmen dass de Ben alt erëm säi Recording-Material vergiess huet, nee déi 2 hunn eng Episod als Insta Live opgeholl. Geet net? Geet wuel! Lauschtert lo eng Editioun mat Internetproblemer, zwee-an-engem-hallwe spontane Livegaascht, vill Film, e bësse Musek, a verschiddene Saachen déi mir scho rëm vergiess hunn. Kee Problem, kommt mir lauschteren dës Episod nach eng Kéier alleguer zesummen. Prost!
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbApril 08, 2021

    #24 Empathescht Aarschlach

    #24 Empathescht Aarschlach
    Dës Episod ass eng Zort Ventil fir alleguer déi Leit déi net wësse wou se kënnen Damp ofloossen: Op elo d'Generation Z, den LOD, Internet, dem Fausti säin Ierwen, d'Casting Agence vu Capitani 2 oder d'Beyoncé - dës Sendung ass eng eenzeg "Unpopular Opinion", jidderee kritt säi Fett ewech. Den Eenzegen deen alles gesond a monter iwwersteet ass dem Billie Eilish säi Papp.
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbMarch 17, 2021

    #23 ft. Faustino Cima

    #23 ft. Faustino Cima
    Zu Éiere vun der verstuerwener lokaler Legend, Faustino "Fausti" Cima, hu mir eis aktuell Episod no him benannt. Ausserdeem probéiere mir an den éischte Minutten eis Gedanken zum Museker sou ze vermëttele wéi mir et um Moment vun der Opnam (kuerz no der traureger Noriicht) empfonnt hunn. An awer: vill bla bla. Mä gudde bla bla. Nieft dem Fausti schwätze mir awer och iwwert de fonkelneien Netflix Hit vun 2019 - Capitani - an den Hype do ronderëm, de Ben zitt e bëssen iwwert Fight Club hier a wënscht sech e Lidd vu Las Ketchup. Den David dogéint präméiert lo scho säin Album vum Joer a gëtt live an der Opnam vun enger weiderer Hiobsbotchaft iwwerrascht: Daft Punk léise sech op. Als grouss Finall gëtt dann nach de frësch geimpfte Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman mat eisem "Gëllene Post-it" geéiert. Alles an allem: stabil Show!
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbFebruary 26, 2021

    #22 ft. 24 Buschtawen am Alphabet

    #22 ft. 24 Buschtawen am Alphabet
    Déi 2 RTL Topkommentatore "mamacita_lux58" a "maggy_dubai_123" presentéieren iech des Woch Spill a Spaass mat enger Neioplo vu "Stadt Land Fluss EXTREME". Ausserdeem ginn 120 Enseignante enger penibeler Analyse, ganz no Mentaliste-Manéier, ënnerzunn. Dës Weidere ginn et ongewinnten Dokus a penibel däitsch Talkshows. An dann effektiv: Firwat ginn et beim Ben just 24 Buschtawen am Alphabet, merde?!
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbFebruary 05, 2021

    #21 Kniddelen Gorgonzola ft. Salzstaangen

    #21 Kniddelen Gorgonzola ft. Salzstaangen
    Häerzlech Wëllkomm am neien Hei Elei Presseclub. Wat solle mer soen? Och wa mir an dëser Episod technesch um Niveau vun anere Lëtzebuerger Podcaste sinn, brilléieren den David Goetz an de Ben Zenners ee fir allemol alt erëm op der ganzer Linn. Op elo précaire a serieux Themen, wéi z.B. Mobbing am EU-Parlament, oder locker flockeg Themen, wéi eng dänesch Kannerserie mat ganz besonnescher Storyline, mir sinn do. Méi wéi jee. Dot iech aus, leet iech prett, hei kënnt den Train of Love (*Lady Gaga Voice).
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbJanuary 22, 2021

    #20 A Gal a Box den Eric schafft net méi bei de Piraten

    #20 A Gal a Box den Eric schafft net méi bei de Piraten
    Mat der kuerzer Virmeldung dass dës Episod virum Breach vum US Kapitol opgeholl gouf erkläre mir iech hei kuerz a knapp wat dës Episod alt erëm sou besonnesch mécht: Mir hunn ënnert anerem eis Monarchie knallhaart analyséiert, am Kader vum Grand-Duc Jean sengen 100 Joer, hunn awer och eng knallhaart Analyse vu lëtzebuergescher Musek op lëtzebuergesche Radiosender gemaach. Ausserdeem ass HEI ELEI och den eenzege Podcast wou et em den Tun Tonnar awer och den MF DOOM geet an är 2 Liblings Mikrostänner ruffe fir "The greater good" bei d'Piraten an den ZLS un. Zum Ofschloss: kaaft lokal an ënnerstëtzt äert Lokal!
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbJanuary 08, 2021

    #19 X-Factor: Die Unfassbaren

    #19 X-Factor: Die Unfassbaren
    Pünktlech fir d'Sortie vum Bazooka Brooze sengem d'Album "Iwert dem Gesetz" presentéiert iech den Jonathan Frakes onfaassbar Geschichten vun ären 2 Liblings-Podcast-Hosts: David & Ben. Den David wëll gären twitchen, de Ben awer just iwwert dem Eric Rolgen seng verlueren Auer schwätzen an zesumme maachen déi 2 Radiostatiste Pläng wéi si demnext an eng Pressekonferenz vum Paulette L. an Xavier B. kommen, well schliisslech kënnt do jo anscheinend jiddereen eran, powered by Heidi. Mir si méi wéi e Guilty Pleasure, well mir kréie souguer Zuhörer-Post.
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbDecember 11, 2020

    #18 ft. Olio Galanti

    #18 ft. Olio Galanti
    Fir eis Volljäregkeet hu mir eis erwuessene Besuch an de Zoom-Chat geholl: d'Musekslegend Olio Galanti huet eis effektiv d'Éier erwisen. Mat him a mat sengem Alter-Ego hu mir iwwert Hoerfett an e gemeinsaamt Chrëschtlidd geschwat, a mir si gewuer gi wéi et wierklech an den 20er Jore war, wou et nach kee Corona mä just Polio (Galanti) gouf. Wat virdrun an duerno geschitt ass, ass just d'Rumm vun dëser aussergewéinlecher Episod wou et zur Feier des Tages e Kölsch gouf.
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbNovember 20, 2020

    #17 Wann de Craig David Baguette kafe geet

    #17 Wann de Craig David Baguette kafe geet
    D'Welt waart op d'Resultat, endlech hu mir Gewëssheet: Hei ass déi nei Episod vun HEI ELEI LAUSCHTER LO, den Hörapparat ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Nieft dem aktuelle Corona-Stand schwätze mir iwwert de Virus Trump, hunn d'Iddi fir en neit Héierbuch, erkläre firwat den Timothy Dalton de coolsten James Bind bis haut ass a ginn, wéi den Titel et scho verréit eng mam Craig David eng Baguette fir 20€ kafen. Ah jo - a mir schwätzen iwwert den neie Borat-Film. Lauschtert der Regierung no: Bleift doheem a lauschtert den HEI ELEI (de richtegen).
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbNovember 06, 2020

    #16 Lek in de Knalpot

    #16 Lek in de Knalpot
    Dës Episod ass zwar ouni de Fred Keup dofir awer mat enger gudder Portioun vu griicheschem Jughurt, Schocki vun Nestlé an engem Abschid an der lokaler Podcastzeen. Ausserdeem huet den David finalement "Das Sommerhaus der Stars" gekuckt an de Ben stellt Uni-Diplomer a Fro. Vill Spaass beim leschte Lëtzebuerger Meedercherspodcast.

    #14 Méi Bas

    #14 Méi Bas
    Elektriséierend. Analytesch. Buedemstänneg. Äre Liblingspodcast ass zréck aus der Summerpaus an déi 2. Staffel fänke mir méi spektakulär un wéi d'Rentréeë bei RTL, Eldo an 100,7 zesummen. Et ginn e puer Neierungen - duerch manner kritt dir méi - alles verpak mat Spezialeffekter an engem Verspriechen: Wann dir lo mengt eng schäiss Summervakanz gehat ze hunn, dem David seng war garantéiert méi schäiss! Wat de Jean Asselborn domadder ze dinn huet a firwat mir well Vodka Gorbatchow Maracuja drénken lauschtert dir an eiser neister Epic-sod...

    #13 ft. Monica Semedo

    #13 ft. Monica Semedo
    Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet. Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen. Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen! Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun. Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller. Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...
    Hei Elei Lauschter Lo
    lbJune 19, 2020

    #12 ft. Dan Spogen

    #12 ft. Dan Spogen
    Hien ass nieft dem Picco Bello d'Allzweckwaff vum RTL an huet den "Nek" sou salonfäeg gemaach dass e souguer Fanbréiwer heivir kritt. An eiser aktueller Episod den Dan Spogen, deen eigentlech ganz anescht heescht, a mat eis iwwert e grousst Drama an där Kris hei schwätzt: den Ausfall vun der Päischtcroisière. Ausserdeem hu mir am Gossipschaf vum Famillenduell gewullt an den Dan huet eis am Detail erkläert firwat et deemools fir hie kee Concert vum Gregory Porter gouf. Mäi Gott, wat eng gäil Episod!
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io