Logo

    Hei Elei Lauschter Lo

    Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter
    lb32 Episodes

    People also ask

    What is the main theme of the podcast?
    Who are some of the popular guests the podcast?
    Were there any controversial topics discussed in the podcast?
    Were any current trending topics addressed in the podcast?
    What popular books were mentioned in the podcast?

    Episodes (32)

    #11 ft. Lynn Warken

    #11 ft. Lynn Warken
    Wat geschitt wann 3 Radioleit e Podcast zesummen ophuelen déi sech allen 3 vill gär hunn? Richteg! Iwwert 1 Stonn Interferenzen, Réckkopplungen an 2 Uleef wéinst technesche Problemer. Wéi géing de Mickie Krause soen? Egaaaaal! An eiser 11. Episod hu mer eis an Erënnerunge verluer, d'Hobbyimkerin a Mierschwéngchekillerin Lynn (Eldo, Keck) huet eis iwwert Botanik a Bannenariichtung ausgefrot an den David erzielt exklusiv vu sengem illegale Bordercrossing. Content, Content, Content!!

    #10 ft. Tun Biever

    #10 ft. Tun Biever
    Endlech rëm dat wat mer kënnen, endlech rëm dat wat dir kennt. Den Original-Podcast-mat-Invité huet rëm e sensationellen Invité, an zwar den Tun Biever, wann ee Facebook gleewen dierf verantwortlech fir "Vocals, Guitar & Keys" bei der sympathescher an talentéierter Band TUYS. D'Diddelenger Rotzbengelen suergen a schlechten Zäite fir gudde musikalesche Stoff a soen ëmmer fein "Moien" wann ee se op der Strooss begéint. Den Tun verréit eis awer och säi Side-Business nieft der Musek, mir schwätze ganz kuerz awer intensiv serieux an hie bréngt Wierder mat ewéi "Analogien" a "receptiv". Ausserdeem gëtt et rëm eng Editioun vum "Spoilerman"(1:18:22 - 1:26:48) - lo am Lieblingspodcast vun RTL!

    SPECIAL: De Feierstorch

    SPECIAL: De Feierstorch
    Mir probéieren an dëse schwéieren Zäiten en Experiment. Mir wëllen, zesumme mat den interesséierten anere Podcasts, en Héierbuch schafen. Den Titel a mëttlerweil dat éischt Kapitel stinn a mir mengen dass dat eppes epochales kann a wäert ginn. D'Intro schwätzt keen anere wéi den Alen Attain (Kënschtlernumm; säi Brudder kennt ee vum RTL) an hien erkläert och direkt d'Reegele vun der Challenge. Jo zu all Héierbuch gehéiert natierlech eng propper Challenge. Wee mir nominéiere fir dat 2. Kapitel a wéi laang virum Release vun dësem soll/dierf Zäit sinn verréit iech alles den Alen. Souvill nach: all Podcast deen eng Episod erausbréngt soll dës natierlech op sengem Channel releasen. Mir géingen eis freeë wann "de Feierstorch" an d'Geschicht vun der lëtzebuerger Literatur géing agoen a wann net si mir ebe just frou wa mir iech kënnen op e puer aner, méi positiv Gedanken bréngen (ausser wann dir Fan vun Dinosaurier sitt, sorry!). Iwwregens ass och Fan Art erlaabt. Zu wat inspiréiert iech de Feierstorch? Moolt, illustréiert, maacht - a schéckt eis et, respektiv tagged @hei_elei.

    #9 ft. Corona No.1

    #9 ft. Corona No.1
    An Zäite vun dréchenem Houscht, Ausnamezoustand an enger Zombie-Apokalypse ouni Zombien ginn den David an de Ben hirer nationaler Verantwortung gerecht a versuergen iech mat hirem weltbeschte Podcast, ouni Gaascht, dofir awer mat duebelem Hype. Lauschtert...euh...liest lo mol gutt no: Mir hu fir iech an dëser 9. Episod d'Konschtstéck bal fäerdeg bruecht net iwwert "Corona" ze schwätzen, hunn eng Iddi fir mat anere Podcasts ze bonden an de radio 100,7 ze retten, ginn op Kuschelkurs mam Fernand Etgen an den David schreift lo un engem Héierspill. Opgepasst, mir hunn och eng nei Rubrik!⁣ Wann dir absoluuut allergesch op Filmspoiler sitt dierft dir dëse Podcast NET tëscht 26:22 an 33:00 lauschteren.⁣ #spoilerman⁣

    #8 ft. Sandra Biewers

    #8 ft. Sandra Biewers
    Er kam (zu spät), sah (den Zorn) und reagierte: Den David huet dës Episod vun A bis Q geplangt well e sech soss ëmmer bei der Preparatioun vun eisem Weltklasse-Podcast foutéiert huet. Vum coole Gaascht, der Tätowéierin Sandra Biewers bis hin zu der Decisioun dass hie sech "LIVE" wärend der Opnahm tätowéiere gelooss huet, huet den David alles gecheckt. De Ben iwwerhëlt keng Verantwortung. Mä wat solle mer soen? Mir hate Spaass a kurios bis interessant Diskussiounen. Et goung vu vereitelte Mordfäll um Jakobswee, iwwer ausgestoppten Déieren an den Nicolas Cage, bis hin zu engem Workshop wou een eng Woch laang net dierf schwätzen, kee Mucks! Hätte mir dee Workshop nëmmen och besicht...

    #7 ft. Jilli Vanilli

    #7 ft. Jilli Vanilli
    Frësch aus eisem neie professionelle Kellerstudio déi 7. Episod vun HEI ELEI, dës Kéier mam Jill aus dem "Paus" Podcast. Funfact 1: D'Jill heescht net wierklech Vanilli mam Familljennumm. Funfact 2: Hatt huet nach keng vun eise Sendunge fäerdeg gelauschtert. Genau iwwert dës leschtgenannte Problematik hu mir mam Jill geschwat, awer och iwwer iwwerschate Bands wéi Nirvana oder d'Beatles, den Jamal Khashoggi, an den David (deen alt erëm) ze spéit koum huet brisant, perséinlech News vun der Tinderfront. Alles verpak an engem schlechten Audiomix well d'Jill säin Handy um Dësch leien hat. Dir wollt et jo sou, reegt iech also net op!

    #5 ft. Djuna Bernard

    #5 ft. Djuna Bernard
    „Mir musse méi serieux ginn!“ hu mer eis virgeholl… An do koum d’Deputéiert, Parteipresidentin, Newcomer-Podcasterin a Monarchiefan Djuna Bernard. Geschwat hu mir iwwert einfach a schwiereg Zäiten als gréng Politikerin, mir hunn e Ranking vun de schéinsten Deputéierten opgestallt an hunn d’Thema „Kulturzeen zu Lëtzebuerg“ liicht ugeschnidden. Vill méi wichteg awer: d’Chu’na Bernard huet wuel déi schéinste Geschicht vu sengem 1. Joint… ...ah jo, an den David huet eng nei Rubrik: Dem David seng Rubrik.

    #3 ft. Melody Hansen

    #3 ft. Melody Hansen
    Themen aus der 3. Episod: - Welcome David - You're welcome aner Podcasts - Battle mam Melo - Perks of being a journalist - Opruff: Verschwörungstheoretiker - Kéistoart& ASMR - Opruff: Special Shows - Call-out culture - Trotinetten a Shopping zu Lëtzebuerg - Gaming Corner mam David
    Logo

    © 2024 Podcastworld. All rights reserved

    Stay up to date

    For any inquiries, please email us at hello@podcastworld.io